Administrativ Enquête

Déi administrativ Enquête betrëfft d'Kontroll vum Respekt vun de Gesetzer an de Reglementer duerch d'Police.

All Reklamatioun oder Plainte gëtt als Zeeche vun engem méigleche Verstouss, enger Imperfektioun oder engem Fonctionnementsproblem gedeit a seng Analyse dréit derzou bäi déi néideg Upassunge virzehuelen.

D'administrativ Enquête huet folgend Ziler:

  • d'Glafwierdegkeet vun de rapportéierte Fakten iwwerpréiwen;
  • de Respekt vun de gesetzlechen, reglementairen an deontologesche Virschrëften ze kontrolléieren;
  • d'Responsabilitéite klären;
  • eng kloer Vue vun der Problematik erlaben;
  • eng Konklusioun formuléieren a wann ubruecht, déi néideg Propositioune maache fir de festgestallte Fonctionnementsproblemer entgéintzewierken.

An dësem Kontext informéiert d'IGP déi concernéiert Autoritéiten iwwer déi festgestallten individuell Verstéiss an/oder Dysfonctionnementer.

Et ass wichteg ze ënnersträichen, dass d'Zil vun der administrativer Enquête net doranner besteet een oder méi Polizisten ze sanktionéieren; dëst ass d'Roll vun den hierarcheschen Autoritéiten. Et geet drëms d'Ursaache vum Verstouss ze erfaassen a Recommandatiounen ze formuléieren, déi esou ee Verhalen an der Zukunft ënnerbannen.

Wa sech eraus stelle sollt, dass ee Verstouss ee strofrechtleche Charakter huet, gëtt dëst de Justizautoritéite matgedeelt, esou wéi dat am Artikel 23 vum Code de procédure pénale virgesinn ass.

Aktualiséiert