Opgepasst: All d'Virfäll fir déi eng direkt Interventioun vun der Police néideg ass, mussen direkt bei der Police gemellt ginn. D'Generalinspektioun vun der Police kontrolléiert als externt Kontrollorgan ausschliesslech d'Funktionéieren vun der Police.
Attributiounen
D'Generalinspektioun vun der Police (IGP) ass dat externt Kontrollorgan vun der Lëtzebuerger Police. Si gouf am Joer 2000 duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d'Police an d'Inspection générale vun der Police geschaf fir de Fonctionnement vun der Police ze kontrolléieren.
D'IGP steet ënner der direkter Autoritéit vum Inneminister an ënner der funktioneller Autoritéit vum Justizminister, dem Procureur général an deenen anere Justizautoritéiten.
Neiegkeeten
-
Ännerung vun den Ëffnungszäiten
Vum 1. Juli 2026 un ass d'IGP fir de Public vun 08:00 bis 12:00 Auer op. Nomëttes gi Visiteuren nëmmen op Rendez-vous empfaangen, vun 14:00 bis 16:00 Auer.
-
Rapport d'activités 2025
De " rapport d'activités" 2025 vun der Generalinspektioun vun der Police ass elo an der Rubrik "Publikatiounen" disponibel fir erofzelueden (op franséich).
Aktualiséiert den