Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 10 Resultater
  1. Den 1. August trëtt d’Gesetz iwwert d’Generalinspektioun vun der Police vum 18. Juli 2018 a Kraaft. D’Reform ass eng fundamental Etapp fir méi Onofhängegkeet vun der IGP géigeniwwer der Police an ee méi groussen Impakt vun hirer Aarbecht op d’Fonctionnement vun der Police ze garantéieren.

  2. An der Chambersessioun vum 3. Juli 2018 hunn d'Deputéierten de Gesetzesprojet 7044 iwwert d'IGP gestëmmt. Fir d'éischt huet de Rapporter, den Här Alex Bodry, déi verschidde Facettë vum Projet presentéiert. Dono hunn d'Spriecher vun de verschiddene politesche Fraktiounen d'Wuert ergraff fir hier Meenung auszedrécken ier et zum Vote koum.

  3. Eng grondleeënd Etapp fir d’IGP! Am Beräich vun der institutionaliséierter Kontroll vun der Police stellen d’Gesetzesprojeten N° 7044 iwwer d’Generalinspektioun vun der Police an N° 7040 iwwer den Disziplinarstatut vum Policekader aus der groussherzoglecher Police zwéi wesentlech Texter duer, déi d’Drowäit vum Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d’Police an d’Generalinspektioun vun der Police erweidere

  4. Obschonns d’Generalinspektioun vun der Police(IGP) net zouständig ass fir Reklamatiounen am Beräich vun den AT, ass se awer dacks Destinataire vu sou Plainten.

  5. Well d‘IGP dacks mat Reklamatiounen punkto Vitessekontrollen, déi mat enger Radarpistoul gemaach gin, saiséiert gouf, huet d‘IGP d‘Methode vun der Police an dësem Beräich ënnersicht.

  6. Den 22. August 2016 goufen d’Gesetzesprojeten N° 7044 iwwert d’Reform vun der Generalinspektioun vun der Police (IGP), N° 7045 iwwert Policereform an N° 7040 iwwert den disziplinaresche Statut vum Policepersonal vun der groussherzoglecher Police an der Chamber deposéiert.