Historique

D’Generalinspektioun vun der Police gouf am Joer 2000 no der Fusioun vun der Gendarmerie an der deemoleger Police geschaf. Doduerch ass een eenzege Policecorps entstanen: d’Police grand-ducale.

Och wann dee Prinzip an d'Modalitéiten ni formell festgehale waren, sou ass een dach virum Gesetz vum 31. Mee 1999 ëmmer dervun ausgaangen, dass de Minister vun der Force publique am Fall vun engem Dysfonctionnement an deem enge Corps, deen anere mat den operationellen Aspekter vun de noutwennege Kontrolle beoptrage kéint.

Mam Schafe vun engem eenzege Corps ass dunn awer schnell kloer ginn, dass ee spezifescht Organ misst an d’Liewe geruff ginn, fir d'Kontroll vun der Police grand-ducale ze garantéieren. D'Generalinspektioun vun der Police gouf deemno am Titel VII (Artikelen 72 bis 77) vum Gesetz iwwer d’Police an d’IGP verankert.

Mam Akraafttrieden vum Gesetz vum 18. Juli 2018 gouf d'IGP eng autonom an onofhängeg Verwaltung an ass dem fir d'Police zoustännege Minister ënnerstallt. Si verfügt ausserdem iwwer hirt eegen Personal deem et net méiglech ass bei d'Police zreckzegoen.

De néien Gesetzestext definéiert genaustens hir Missiounen, hir Organsitatioun, de Statut an d'Zesummesetzung vun hirem Personal, d'Konditiounen fir an d'IGP anzetrieden, den Zougang zu den fir hirt Funktionement noutwendegen Informatiounen, sou wéi hir hierarschech a funktionnell Virgesetzten. 

Aktualiséiert