D'IGP

D'Generalinspektioun vun der Police (IGP) ass dat externt Kontrollorgan vun der Lëtzebuerger Police geméiß dem Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwer d’Generalinspektioun vun der Police.

Hiren allgemengen Optrag ass d ‘Kontroll vum Fonctionnement  vun der Police.  

D'IGP steet ënner der direkter Autoritéit vum Inneminister an ënner der funktioneller Autoritéit vum Justizminister, dem Procureur général an deenen anere Justiz Autoritéiten.

An der Ausféierung vun hire Missiounen engagéieren d‘Membere vun der IGP sech fir d ‘Valeure vun hirer Charta ze respektéieren:

  • Onofhängegkeet vis-a-vis vun der Police;
  • Objektivitéit am Handelen, an hiren Aschätzungen an hirem Sproochgebrauch;
  • Transparenz an hirem Schaffen;
  • Integritéit.

Als Akteur vun der bannenzeger Sécherheet schafft d'IGP dorops hin d'Vertrauen vun de Bierger an d'Police ze verstäerken, de Respekt vun de Mënscherechter, de Gesetzer, sou wéi vun den etheschen an deontologeschen Grondsätz ze förderen, mat der Qualitéit an der Effizienz vun der Police Aarbecht als Schwéierpunkt.       

Aktualiséiert