Aktualiséiert den
Demarchen
Reklaméieren oder eng Plainte géint d'Police maachen
Wann Dir net zefridde sidd mam Service vun der Police oder engem Polizist, kënnt Dir eng Reklamatioun (am administrativen Kontext) oder eng Plainte (am penal‑rechtleche Kontext) iwwer de Reklamatiounsformular maachen, deen um Biergerportal guichet.lu disponibel ass.
Leit mat reduzéierter Mobilitéit kënnen ufroen, datt Memberen vun der IGP bei si heem kommen.
Fir méi Erklärung verweise mir op d'Prozedur, déi um Biergerportal guichet.lu beschriwwe gëtt.