Kontroll vun der Legalitéit

Am Kader vum Kontroll vun der Legalitéit an opgrond vun de Recommandatioune vum "Comité européen pour la Prévention de la Torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants" (CPT) a sengem Rapport vum 29. Abrëll 2004, mécht d'IGP och reegelméisseg Kontrolle vun de Siicht- an Arrestzelle vun der Police.

Geméiss Artikel 5 vum Règlement grand-ducal vum 21. Dezember 2004 iwwer d'Autorisatioun fir d'Schafe vun engem Fichier vun de Persounen déi een AT am Beräich vum Verkéier kruten, mécht d'IGP all Joer eng statistesch Analyse vun den Annulatiounen an dësem Fichier.

D'Legaliteitskontroll ass an den Artikelen 4 bis 6 vum Gesetz vum 18 Juli 2018 virgesinn.  

Am Kader vun dëser Missioun iwwerwaacht d'IGP op d'Police sech un déi bestoend Gesetzer a Reglementer hält a rapportéiert eventuell Verstéiss un déi concernéiert Autoritéiten. Si huet dofir ee generellt a permanent Recht fir Inspektiounen ze halen a si kann all néideg Ënnersichungen an Iwwerpréiwungen am Kontext mat de verschiddene Policeaktivitéite maachen. Déi festgestallte Verstéiss kënne Managementfeeler vun der Police sinn, oder individuell Faite vun de Membere vun der Police.

Praktesch gesinn, gëtt d'Kontroll vun der Legalitéit meeschtens op Basis vu enger Reklamatioun oder Denonciatioun vun engem Bierger, enger ëffentlecher Autoritéit oder enger anerer Partei duerchgefouert. Mee d'IGP kann sech och selwer enger Affär unhuele wann si Kenntnis vun engem eventuelle Verstouss oder Dysfonctionnement iwwer d'Press oder déi sozial Medie kritt. Dëst kann och de Fall sinn, wa bei enger thematescher Kontroll oder enger strofrechtlecher Enquête deementspriechend Informatiounen optauchen.

Schlussendlech mécht d’IGP ëmmer dann eng Enquête wann ee Polizist Gebrauch vu senger Déngschtwaff mécht, sief et vis-à-vis vun enger Persoun oder engem Gefier.

Zur Kontroll vun der Legalitéit ass Folgendes ze verhalen:

  • D'IGP kritt Kenntnis vun engem eventuelle Verstouss oder engem Dysfonctionnement an iwwerpréift ob si kompetent ass. Ausser am Fall wou d'Reklamatioun offensichtleg net fondéiert ass, se net genau beschriwwen ass  oder hiren Objet kee Manquement oder Problem vum Funktionnement vun der Police ass, mécht si eng Enquête op.
  • Si informéiert de Reklamant iwwer hir Entscheedung.
  • Zum Schluss vun der Enquête kommunizéiert si dem Reklamant d'Resultater.
  • Falls et néideg wier, formuléiert d'IGP Recommandatiounen un d’Adress vun der Police, där hire Suivi si herno assuréiert.

 

Aktualiséiert