Berodung a Formatioun

Geméiss Artikel 77 vum Gesetz vum 31. Mee 1999 muss de Generaldirekter vun der Police d’IGP a Kenntnis setzen iwwer all Projet deen de Statut vu Polizist betrëfft, sief et dass hie selwer dem Minister sou ee Projet ënnerbreet, oder dass d’Police een Avis gefrot gouf. Dëst gëllt och fir déi generell Ausriichtung vun der d'Police wat d’Virbereedung op déi verschidde Missioune betrëfft, déi op si duer kommen.

Dofir huet d'IGP och als Missioun all Projet, deen eng gesetzlech oder reglementaire Dispositioun um Statut vum Polizist oder un der Ausriichtung vun der Politik vun der Police ëmännere wëll, ze kontrolléieren. D'IGP beréit de Minister och an dësem Zesummenhang.

D'IGP gëtt ausserdeem Coursen an der Policeschoul iwwer Mënscherechter an Deontologie, dat souwuel an der Grondausbildung wéi an der Weiderbildung.

Aktualiséiert