Strofrechtlech Enquête

Geméiss dem Artikel 8 vum Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwer d'IGP hunn den Generalinspekter, de stellvertriedenden Generalinspekter, an d'Memberen vum polizeileche Kader vun der IGP d'Qualitéit vum officier de police judiciaire. Si kénnen also, no de Bestemmungen vum Code de procédure pénal, virleefeg Ermëttlungen ophuelen oder vum Procureur d'Etat an dem Juge d'instruction mat strofrechtlechen Enquêten  iwwer vun Polizisten begaangen streeflech Doten beoptragt gin.

Eng Innovatioun vum neie Gesetz besteet doran, dass d'Justizautoritéiten, am Interesse vun enger gudder Administratioun vun der Justiz, d'IGP och mat stroofrechtlechen Ermëttlungen beoptragt ka ginn iwwer Doten, déi vun engem oder méi Membere vun der Police an enger oder méi Persounen als Mattäter oder Komplizen begang goufen, sou wéi iwer Doten an déi  een oder méi Membere vun der Police oder eng oder méi aner Persounen verweckelt sinn. 

Aktualiséiert