Qualitéitskontroll

Geméiss Artikel 7 vum Gesetz vum 18. Juli 2018 kann d’IGP vun hirem Minister, dem Justizminister oder dem Procureur général mat enger Etüd oder engem Avis befaasst ginn. Ënner dës Notioun falen och d’Auditten, bei deenen et drëms geet d'Effikassitéit an d'Effizienz vun der Policeaarbecht, awer och d'Qualitéit vum Service um Bierger ënner d'Lupp ze huelen.

D'Zil vun der Qualitéitskontroll besteet doranner der Autoritéit, déi den Optrag ginn huet, verschidden Aspekter zum gewielte Sujet matzedeelen, wéi zum Beispill:

  • déi administrativ an operationell Ofleef an hir Konformitéit zu de gesetzlechen, reglementairen an internen Normen;
  • d'Qualitéit vun de Policeoperatiounen an hir Konformitéit zu den ugepeilten Ziler;
  • d'Efforten am Kader vun der Wirtschaftlechkeet, der Effikassitéit an der Effizienz fir d'Ziler ze erreechen.

D'Prozedur vum Audit leeft a fënnef Phasen of (Optakt, Analyse, Terrain, Konklusioun a Suivi) an entsprécht där, déi den "Institut français de l’audit et du contrôle internes" (IFACI) praktizéiert. Hei ginn och d'Auditeure vun der IGP ausgebilt.

D'Prozedur vun der Etüd baséiert op de Methode vun de Sozialwëssenschaften.

Bei der Ausféierung vun de Studien an Auditten kann d'IGP op déi voll Zesummenaarbecht vun der Police zielen, déi hir direkt déi gefroten Informatiounen zoukommen léisst. D'Rapporten gin bei den zoustännege Minister oder wann  se op Ufro vum Justizminister oder Procureur de l'Etat gemaach goufen, och bei des Autoritéiten.

Aktualiséiert