Vote vum Gesetzesprojet 7044 iwwert d'Generalinspektioun vun der Police (IGP)

Eng néi gesetzlech Basis fir d'Generalinspektioun vun der Police

An der Chambersessioun vum 3. Juli 2018 hunn d'Deputéierten de Gesetzesprojet 7044 iwwert d'IGP gestëmmt. Fir d'éischt huet de Rapporter, den Här Alex Bodry, déi verschidde Facettë vum Projet presentéiert. Dono hunn d'Spriecher vun de verschiddene politesche Fraktiounen d'Wuert ergraff fir hier Meenung auszedrécken ier et zum Vote koum.

Hei déi wichtegst nei Elementer vum Text:

  • D'IGP wäert säin eegent Gesetz kréien;

  • D'IGP gëtt eng eegestänneg an autonom Verwaltung mat hirem eegene Personal a Budget;

  • D'Direktioun wäert sech aus engem Generalinspekter , deen aus der Magistratur kënnt, an engem Adjoint deen aus dem Kader vun der Police ervir geet, zesummesetzen;

  • D'Personal vun der IGP därf dono kee Poste méi bei der Police unhuelen;

  • Déi aktuell Missioune vun der IGP gi präziséiert, nei Missioune kommen derbäi wéi d'Instruktioun vun disziplinareschen Affären wat Polizisten oder Stagiairen uginn.

 

 

Aktualiséiert