Joresrapport 2017

Eng grondleeënd Etapp fir d’IGP!

Am Beräich vun der institutionaliséierter Kontroll vun der Police stellen d’Gesetzesprojeten N° 7044 iwwer d’Generalinspektioun vun der Police an N° 7040 iwwer den Disziplinarstatut vum Policekader aus der groussherzoglecher Police zwéi wesentlech Texter duer, déi d’Drowäit vum Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d’Police an d’Generalinspektioun vun der Police erweideren.

Dës Reform wäert deemno ee groussen Afloss op der IGP hir Zukunft hunn, an dat souwuel wat hir Strukturen ugeet, wéi och hir Organisatioun an hir Kompetenzen.

Mat deenen zwee Gesetzesprojete ginn déi aktuell Attributioune vun der IGP bäibehalen, wéi d’Kontroll vun der Legalitéit oder d’Qualitéitskontroll, oder definitiv an den Texter verankert, wéi der IGP hir Bedeelegung un der Ausbildung vun de jonke Polizisten. Aner Missiounen dogéint erweideren de Kompetenzberäich vun der IGP: de nei geschaaften Observatoire soll derfir suergen der Politik ee gesonden Iwwerbléck an eng global Visioun zu der Police hiren Aktivitéiten ze verschafen, iwwerdeems d’Ausféiere vun den disziplinareschen Instruktiounen ee Garant fir d’Objektivitéit an d’Neutralitéit vun dësen Enquêten duerstellen.

De Joresrapport hëlt déi eenzel Missiounen an Demarchen duerch, déi 2017 ënnerholl goufe fir d’Fonctionnement vun der Police weider ze verbesseren. Gréisstendeels sënn dat Auditten, Etüden an Enquêten, mee och verschidden aner Aktioune ginn am Joresrapport erwäänt, andeems  se der IGP hir Approche vun engem effikasse Service um Bierger flott erëmspigelen.

Wat den Impakt vun der IGP hirer Aarbecht betrëfft, sou léisst deen sech dorunner moossen, a wéiwäit d’Police deene Recommandatioune Rechnung dréit, déi d’IGP hir ënnerbreet. An Tëschenzäit goufen etlecher dovun an hir Déngschtvirschrëften iwwerholl, respektiv haten se ee gewëssen Afloss op d’Gespréicher an den Aarbechtsgruppen, déi d’Police an d’Liewe geruff hat am Kontext vun hirer Reform.

Schlussendlech ginn am Joresrapport nach Demarchen ugeschnidden, déi zu enger Verbesserung vun der IGP hiren eegene Servicer bäidroen. Dozou gehéiert den Austausch mat anere Kontrollorganer vun der Police, sief et op bilateralem Wee oder am Kader vum Reseau EPAC/EACN, wou de Generalinspekter aktuell de Poste vum bäigeuerdente Vizepresident bekleet.

De Joresrapport 2017 ass fräi zougänglech um Internetsite vun der IGP.

Aktualiséiert