Nei Formulairë fir Reklamatiounen a Plainten op Guichet.lu

Vum 9. November 2026 u stellt d’Generalinspektioun vun der Police (IGP) de Bierger nei Formulairë fir Reklamatiounen a Plainten op Guichet.lu zur Verfügung.

Mat dëse Formulairë kënnen d'Bierger op eng einfach a sécher Manéier online en onpassend Verhale vun engem Member vun der Police oder en Dysfonctionnement vun engem Policedéngscht mellen.

Fir sécherzestellen, datt hir Servicer fir jiddereen zougänglech bleiwen, hëlt d'IGP weiderhin och Reklamatiounen a Plainten per Post oder perséinlech entgéint.

D'Formulairen an all weider Informatiounen iwwer d'Areeche vun enger Reklamatioun oder Plainte fannt Dir an der Démarche op Guichet.lu.

Organisatioun

Policeinspektioun

Event Datum

09.11.2026