Aktualiséiert den
Visitt vun der Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten bei der Generalinspektioun vun der Police
Den 30. September 2026 hunn d'Madame Claudine de la Hamette, Generalinspekter vun der Police, an den Här Patrick Even, stellvertriedende Generalinspekter, eng Delegatioun vun der Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten an de Raimlechkeete vun der Inspection générale de la Police empfaangen.
No enger kuerzer Presentatioun vun der IGP, hirer Organisatioun an hire Missioune goufen d'Membere vun der Kommissioun duerch déi verschidde Beräicher vun der Inspection générale gefouert. Zënter Juli 2023 ass d'IGP an hiren neie Raimlechkeeten ënnerbruecht, déi hirer weiderer Entwécklung an der Erhéijung vun hirem Personal Rechnung droen.
Um Programm vun der Visitt stoungen ënner anerem de Guichet d'accueil, d'Auditiounssäll souwéi déi verschidden Departementer a Servicer vun der IGP. D'Membere vun der Kommissioun konnten esou d'Organisatioun an de Fonctionnement vun der IGP an Responsabele vun de verschiddenen Aktivitéitsberäicher kenneleiere.