Bezuelen vun engem Avertissement taxé

Obschonns d’Generalinspektioun vun der Police (IGP) net zouständig ass fir Reklamatiounen am Beräich vun den Avertissements taxés (AT), ass se awer dacks Destinataire vu sou Plainten.

Dofir weise mer drop hin, dass déi Reklamatiounen entweder direkt un de Polizist ze riichte sinn, deen den AT ausgestallt huet, un d‘Police oder un déi zoustänneg Justizautoritéiten, an dat éier den AT bezuelt gëtt.

Sollten awer esou Reklamatioune bei der IGP erakommen, ginn dës un d’Policedirektioun weidergeleet. D’IGP freet an den Fall awer all Korrespondenz bei der Police un, fir des nom Ofschloss vum Dossier un de Plaignant ze riichten.

D’IGP hutt dësweidere festgestallt, dass verschidde Polizisten drop bestanen hunn, dass de Bierger den AT direkt op der Platz bezuele sollt. An deem Kontext hutt si sech der Problematik ugeholl an analyséiert, wéi d‘Prozedur um Terrain ofleeft. Et ass dorëms gaangen erauszefannen, a wéi wäit des Demarche mat de Policevirschrëften a mat der Legislatioun kompatibel ass.

Direkt Bezuelen ass nëmmen eng vun deenen zwou Hypothesen, déi den Artikel 15, Abschnitt 3 vum Gesetz vum 14. Februar 1955 aus dem Code de la Route virgesäit. Déi zweet Optioun besteet dodran, spéider um Policebüro ze bezuelen oder e Virement vum fällege Montant ze maachen.

Op Initiative vun der IGP ass intern an der Police e Rappel vun den Policevirschrëfte gemaach ginn an des goufe méi kloer formuléiert, esou dass elo doraus ervir geet dass e Résident deen en AT krut, folgend Optiounen huet:

  • den AT direkt op der Platz, entweder bor oder mat der Kaart, bezuelen;

  • den AT méi spéit, awer innerhalb vun enger festgeluechtener Zäit, bezuelen;

  • de Paiement refuséieren.

D‘Bezuelen vum AT bedeit dobäi, dass een d’Accord ass mat deenen Iwwertriedungen déi engem virgeworf ginn. Am Fall vum Bezuelen nom Délai oder vum Refus ze bezuelen, muss d‘Police iwwerdeems e Protokoll schreiwen. De betraffene Bierger gëtt da gehéiert a ka seng Versioun vun de Faiten erkläre fir dass d’Justizautoritéiten dono iwwert d‘Suite vun der Affär entscheede kënnen.

Aktualiséiert