Vitesskontrollen

Well d‘IGP dacks mat Reklamatiounen punkto  Vitessekontrollen, déi mat enger Radarpistoul gemaach gin, saiséiert gouf, huet d‘IGP d‘Methode vun der Police an dësem Beräich ënnersicht. Déi betraffe Bierger hunn sech ënnert anerem folgend Froe gestallt:

  • Wéini ass eng Vitessekontroll repressiv a wéini präventiv?

  • Huet de Bierger d‘Recht op eng Preuve vu senger gefuerener Vitesse?

  • Wéi ginn d‘Plaze wou Vitessekontrolle stattfannen ausgesicht?

     

An dësem Zesummenhang ass ze erwänen, dass d’Vitessekontrollen zu de normale Missioune vun der Police gehéieren, ewéi am Titel IV vum Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d’Police an d’IGP festgehal. Jee nom  Zil an den ugewannte Mëttelen vun der Policekontroll, ass eng Kontroll éischter vu repressivem oder vu präventivem Charakter.

Aus der Analyse vun der IGP ass ervir gaangen, dass d‘Konzept, dat vun der Policedirektioun ausgeschafft gouf fir d‘Acteuren am Verkéier ze sensibiliséieren an ze forméieren, ganz kloer eng Kombinatioun vun zwou Aarte vu Kontrolle virgesäit. Esou hunn d‘Präsenz vun der Police an hir däitlech Visibilitéit  op engem Kontrollposten e präventive Charakter. Sollt awer bei enger präventiver Kontroll  e Gesetzesverstouss festgestallt ginn, da gëtt d‘Démarchë repressiv andeems d‘Beamten de Bierger unhalen fir him matzedeelen dass hien sech net richteg verhalen huet. Den edukativen an informativen Aspekt ass ëmmer wichteg.

Wat d‘Transparenz vun der Preuve ugeet, sinn d ‘Aussoe vum Polizist ausschlaggebend , well déi aktuell Legislatioun net virgesäit, eng Preuve vun der festgestalltener Vitesse ze weisen oder auszestellen. Et ass awer Usus, dass d‘Vitesse dem Chauffer op dem Display vum Radar gewise gëtt, wann hien dat freet a wann et technesch méiglech ass.

Zu de Plaze wou d‘Vitessekontrolle gemaach ginn, bestinn genau Kritären an der Police hirem Konzept, wéi zum Beispill d‘Risiken, déi op enger bestëmmter Plaz existéieren, d‘Proximitéit zu enger Bushaltestell oder zu engem Zebrasträifen, d‘Unzuel vun den Accidenter oder d‘Unzuel vu Reklamatiounen iwwer d‘geféierlecht Behuelen op dëse Platzen. D’Policebeamte baséieren sech awer och op hir Erfahrung fir esou Plaze festzeleeën. Zur Fro vun engem Plaignant, deen d‘Richtegkeet vun enger Vitessekontroll kuerz virum Enn vun enger Uertschaft a Fro gestallt huet, deelt d’IGP d‘Vuen vun der Police, där et wichteg ass, dass eng Vitessekontroll iwwerall do méiglech muss sinn, wou e Risiko fir d’Stroossesécherheet besteet.

Aktualiséiert