25. Joreskonferenz vum EPAC/EACN-Netzwierk am Montenegro

Vum 5. bis de 7. Oktober 2026 huet de Patrick Even, stellvertriedende Generalinspekter vun der Police, d'Generalinspektioun vun der Police (IGP) op der 25. Joreskonferenz vum EPAC/EACN-Netzwierk zu Budva am Montenegro vertrueden.

Vum 5. bis de 7. Oktober 2026 huet de Patrick Even, stellvertriedende Generalinspekter vun der Police, d'Generalinspektioun vun der Police (IGP) op der 25. Joreskonferenz vum EPAC/EACN-Netzwierk zu Budva am Montenegro vertrueden.

Dës Jubiläumskonferenz huet méi wéi 180 Participanten zesummebruecht, déi iwwer 85 Organisatiounen aus méi wéi 30 europäesche Länner vertrueden hunn.

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stoungen ënner anerem d'Onofhängegkeet vun de Kontrollorganer, de Schutz vun Hiweisgeber souwéi den Asaz vun neien Technologien am Kampf géint d'Korruptioun.

D'Konferenz ass mat der Adoptioun vun der Deklaratioun vu Budva ofgeschloss ginn, déi d'Bedeitung vun der internationaler Zesummenaarbecht an der Stäerkung vun de Kontrollinstitutiounen ënnerstrach huet.

D'IGP ass zanter den Ufäng vum Netzwierk Member a bedeelegt sech aktiv un dëser europäescher Zesummenaarbecht. Hir Participatioun un der 25. Joreskonferenz ënnersträicht hiren Engagement fir den Austausch vu bewäerte Praktiken an d'Stäerkung vun der internationaler Zesummenaarbecht an de Beräicher Korruptiounsbekämpfung a Policekontroll.

Matgedeelt vun der Generalinspektioun vun der Police

Organisatioun

Policeinspektioun

Event Datum

05.10.2026 - 07.10.2026