Eng nei gesetzlech Basis fir d’Generalinspektioun vun der Police

Den 1. August trëtt d’Gesetz iwwert d’Generalinspektioun vun der Police vum 18. Juli 2018 a Kraaft.

Zënter 2000 as d’IGP dofir zoustänneg d’Fonctionnement vun der Police ze iwwerpréiwen. Elo

  • huet d'IGP säin eegent Gesetz;
  • gëtt d'IGP eng eegestänneg an autonom Verwaltung mat hirem eegene Personal a Budget;
  • setzt sech d'Direktioun aus engem Generalinspekter, deen aus der Magistratur kënnt, an engem Generalinspekter adjoint aus dem Kader vun der Police  zesummen;
  • kann d'Personal vun der IGP kee Poste méi bei der Police unhuelen;
  • ginn déi aktuell Missioune vun der IGP méi genau formuléiert an et kommen nei Missiounen  derbäi wéi d’Instruktioun vun disziplinareschen Affäre wat Polizisten oder Stagiären uginn.

D’Reform ass eng fundamental Etapp fir méi Onofhängegkeet vun der IGP géigeniwwer der Police an  ee méi groussen Impakt vun hirer Aarbecht op d’Fonctionnement vun der Police ze garantéieren.

D’IGP gëtt soumat zu engem onofhängegen Observateur am Beräich vun der banneschter Sécherheet.

D‘Approche vum "Service um Bierger" wäert och weiderhin iewescht Prioritéit an hirer alldeeglecher Aarbecht hunn.

Weider Informatioune fannt Dir um Internetsite vun der IGP an op der Säit vun der Chamber.

Communiqué vun der Generalinspektioun vun der Police

Aktualiséiert