Opgepasst: All d'Virfäll fir déi eng direkt Interventioun vun der Police néideg ass, mussen direkt bei der Police gemellt ginn. D'Generalinspektioun vun der Police kontrolléiert als externt Kontrollorgan ausschliesslech d'Funktionéieren vun der Police.
Attributiounen
D'Generalinspektioun vun der Police (IGP) ass dat externt Kontrollorgan vun der Lëtzebuerger Police. Si gouf am Joer 2000 duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d'Police an d'Inspection générale vun der Police geschaf fir de Fonctionnement vun der Police ze kontrolléieren.
D'IGP steet ënner der direkter Autoritéit vum Inneminister an ënner der funktioneller Autoritéit vum Justizminister, dem Procureur général an deenen anere Justizautoritéiten.
Neiegkeeten
-
25. Joreskonferenz vum EPAC/EACN-Netzwierk am Montenegro
Vum 5. bis de 7. Oktober 2026 huet de Patrick Even, stellvertriedende Generalinspekter vun der Police, d'Generalinspektioun vun der Police (IGP) op der 25. Joreskonferenz vum EPAC/EACN-Netzwierk zu Budva am Montenegro vertrueden.
-
Visitt vun der Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten bei der Generalinspektioun vun der Police
Den 30. September 2026 hunn d'Madame Claudine de la Hamette, Generalinspekter vun der Police, an den Här Patrick Even, stellvertriedende Generalinspekter, eng Delegatioun vun der Chamberskommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten empfaangen.
Aktualiséiert den