Attributiounen

Kompetenzberäicher

Déi generell Missioun vun der IGP besteet an der Kontroll vum Fonctionnement vun der Police grand-ducale. Dës allgemeng Missioun, déi am Artikel 3 vum Gesetz iwwer d'Generalinspektioun vun der Police virgesinn ass, kann a véier Kompetenzberäicher opgedeelt ginn:

  • D'Kontroll vun der Legalitéit, déi haaptsächlech duerch administrativ Enquêten (Artikel 5) an thematesch Kontrolle realiséiert gëtt (Artikel 6);
  • d'Qualitéitskontroll, déi duerch Auditten, Etüden, Avisen (Artikel 7) a Suivi-Missiounen duerchgefouert gëtt;
  • déi strofrechtlech Enquêten iwwer ee Member vun der Police, déi no de Prozeduren an de Methode vum Code de procédure pénale ausgeféiert ginn (Artikel 8).
  • d'Disziplinarverfueren (Artikel 9 ) déi geméiß dem Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwer den Disziplinarstatut vum polizeileche Kader vun der Police grand-ducale duerchgefouert ginn.   

Zu dëse Missioune kommen nach d'Missioune vun der Kontroll, vun der Berodung a vun der Formatioun derbäi.

D'Kompetenze vun der IGP mussen och am Zesummenhang mat den "European Oversight Principles" betruecht ginn, Prinzipien un déi sech all Kontrollorgan hale soll fir en onofhängegen an effikasse Service vu Plaintë géint d'Police ze garantéieren an esou e responsabelt an demokratescht Fonctionnement vun der Police sécherzestellen.

Limitten vun der Kompetenz

  • D'IGP ass ausschliisslech fir d’Police grand-ducale zoustänneg, sief et fir d'Fonctionnement vun hiren Servicer ze kontrolléieren oder d'Aktivitéite vun hirem Personal.
  • D'Ausféierung  vun den Disziplinarverfueren gehéiert zu den Aufgaben vun der IGP. Allerdéngs bleiwt et der Generaldirektioun vun der Police virenthal dës auszeléisen, geméiß dem Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwer den Disziplinarstatut vum polizeileche Kader vun der Police.
  • D'IGP hëlt keng Decisioun am Numm vun der Policedirektioun.
  • D'IGP setzt d'Recommandatiounen, déi si selwer formuléiert, net ëm, mee si assuréiert de Suivi vun deenen, déi vun der Policedirektioun zréckbehale goufen.
  • D'IGP ass net zoustänneg fir Avertissements taxés (AT) ze hannerfroen, zum Beispill am Beräich vum Code de la Route. Esou Reklamatioune sinn direkt un de Polizist ze riichten, deen den AT ausgestallt huet, un d'Police oder un déi zoustänneg Justizautoritéiten, an dat éier den AT bezuelt gouf. Wann esou Reklamatioune bei der IGP erakommen, gëtt si dës un d’Policedirektioun weider, quitt dass si och eng Kopie vum Bréif ufreet, deen d'Policedirektioun nom Ofschloss vum Dossier un de Reklamant riicht.
  • D'IGP huet keng Kompetenz fir Reklamatiounen ze traitéieren, déi an direkter Verbindung mat engem lafende Geriichtsdossier stinn.

Aktualiséiert