-
Vote vum Gesetzesprojet 7044 iwwert d'Generalinspektioun vun der Police (IGP)
An der Chambersessioun vum 3. Juli 2018 hunn d'Deputéierten de Gesetzesprojet 7044 iwwert d'IGP gestëmmt. Fir d'éischt huet de Rapporter, den Här Alex Bodry, déi verschidde Facettë vum Projet presentéiert. Dono hunn d'Spriecher vun de verschiddene politesche Fraktiounen d'Wuert ergraff fir hier Meenung auszedrécken ier et zum Vote koum.
-
Joresrapport 2017
Eng grondleeënd Etapp fir d’IGP! Am Beräich vun der institutionaliséierter Kontroll vun der Police stellen d’Gesetzesprojeten N° 7044 iwwer d’Generalinspektioun vun der Police an N° 7040 iwwer den Disziplinarstatut vum Policekader aus der groussherzoglecher Police zwéi wesentlech Texter duer, déi d’Drowäit vum Gesetz vum 31. Mee 1999 iwwer d’Police an d’Generalinspektioun vun der Police erweidere